top of page

DRIFE

Drife.jpg

Drife (ausgeschwat wéi "drive") ass eng Indie/Alternative Rock-Band aus dem Norden vu Lëtzebuerg, déi am Joer 2018 gegrënnt gouf. Si sinn staark vun der brittescher Rockmusek aus den 80er-, 90er- an 00er-Jore beaflosst, mat Bands wéi Ride, The Stone Roses, The Verve oder Oasis. Awer och Künstler wéi The Cranberries, Neil Young an Bruce Springsteen hu Spueren an hirem Stil hannerlooss. 2019 huet d’Band hir éischt DIY-Opnamen gemaach an d'Lidder “All Here” an “Leave It All Behind” ugangs 2020 resp. Enn 2019 erausbruecht. 

 

No der éischter Covid-Zäit am Joer 2020 ass d’Band an de Studio gaangen, fir fënnef nei Lidder opzehuelen, déi op hirer Debut-EP “On My Mind” drop sinn, déi den 3. September 2021 verëffentlecht gouf. Nei Musek ass 2024 erauskomm, mat „Parallel Universe“ am Januar, „Colours“ am Mäerz an „On The Run“ am Oktober.
 

2025 geet d’Band nees live op d’Bühn a spillt hir Musek live – dorënner och nei Lidder, déi nach ganz „frësch“ aus dem Proufraum kommen. Zousätzlech ass d’Band houfreg, unzekënnegen, datt si elo vun engem neie Member um Keyboard verstäerkt gëtt. Et gëtt vill Spannendes, op wat ee sech freeë kann, well nei Musek grad geschriwwen a agespillt gëtt.

bottom of page